Benelux: Grouss Aktioun géint Bedruch

D'Benelux Länner lancéieren Aktiounen géint de Bedruch duerch deen d'Entreprisen an den 3 Länner all Joer 1 Milliard € verléieren.

Leschten Update: 25.06.2014, 12:36:12

© AFP

Falsch Rechnungen, phishing, gehackte Bankkontoen - de Bedruch ass wäit verbreet am Benelux. Elo soll reagéiert ginn.

Eng Haaptaktioun, déi lancéiert gëtt, ass ee Warn-System fir Bedruch fréizäiteg ze erkennen. Mat dësem System ginn an den 3 Benelux Länner Büroen ageriicht wou d'Entreprisen Plainte kënne maachen a wou och Informatioune gesammelt ginn iwwert déi verschidde Forme vu Bedruch mat deene Betriber ze kämpfen hunn.