Schëtter: Hausbrand duerch Isolatiounsaarbechten

Brand um Mëttwoch an engem Haus zu Schëtter an der rue du Verger. De Materialschued ass grouss...

Leschten Update: 26.06.2014, 04:47:35

© Police Grand-Ducale

Feier um Mëttwochmëtten an engem Eefamilljenhaus zu Schëtter.

En Aarbechter hat beim 112 gemellt dass et bei Isolatiounsaarbechten um Daach vum Haus zum Brand koum. Et konnt awer verhënnert ginn, dass sech d'Feier op aner Deeler vum haus ausbreet.

20 Pompjeeën vu Mënsbech a Nidderanven waren op der Plaz fir ze läschen. Blesséiert gouf keen, ma de Materialschued ass awer héich.