WM: Frankräich, d'Schwäiz, Argentinien a Nigeria si weider

Argentinien a Nigeria stoungen sech um Donneschdeg am direkten Duell géintiwwer, a sinn awer allebéid fir d'Aachtelsfinallen qualifizéiert...

Leschten Update: 26.06.2014, 06:42:58

Lionel Messi© afp

Frankräich, d’Schwäiz, Argentinien an Nigeria stinn an den Aachtelfinalle vun der Fussballweltmeeschterschaft.

An de leschte Matcher vun de Gruppen E an F hu Frankräich an Ecuador um Donneschdeg 0-0 gespillt. Dat goung fir d’Fransousen duer fir 1. an der Tabell vun der Grupp E ze sinn an eng Ronn virun ze kommen. D’Schwäiz huet Honduras mat 3-0 geklappt a konnt sech esou nach op déi 2. Plaz retten.

Argentinien huet 3-2 géint Nigeria gewonnen. Argentinien an Nigeria sinn deemno 1. an 2. an der Tabell vun der Grupp F. Den Iran huet 1-3 géint Bosnien verluer.

An den Aachtelfinalle spillen also Argentinien géint d’Schwäiz a Frankräich géint Nigeria.