Opgepasst! Et sinn nees falsch Polizisten ënnerwee

Déi Onéierlech schaffen op mannst zu 3, sinn am Süden vum Land ënnerwee a schwätzen Franséisch...

Leschten Update: 26.06.2014, 18:06:32

© Eldoradio / Archiv

D' Police mellt dass et zwee Fäll zu Bascharage an zu Esch gouf wou Leit bei Haiser geschellt hunn an sech als Polizisten ausginn hunn.
An engem Fall goufen och Suen geklaut.

D' Police erënnert drun dass sämtlech lëtzebuerger Polizisten och Lëtzebuergesch schwätzen.