WM: Belsch, Algerien, Däitschland an USA weider

Entscheedung an de Grupp G an H - D'Belsch, Algerien, Däitschland an USA stinn an den Aachtelsfinallen...

Leschten Update: 27.06.2014, 04:48:13

© afp

D’Belsch, Algerien, Däitschland an d’USA sinn an den Aachtelfinalle vun der Fussballweltmeeschterschaft.

An de leschte Matcher vun der Gruppephase huet Däitschland gëschter 1-0 géint d’USA gewonn. Domat ass Däitschland Gruppenéischte mat 7 Punkten. Portugal huet Ghana zwar nach 2-1 geklappt an ass domat punktgläich mat den USA. Wéinst der méi schlechter Goldifferenz geet et fir d'Portugisen awer net duer an d'USA si virun.

D’Belsch hu sech 1-0 géint Südkorea behaapt. Fir Algerien ass en 1-1 géint Russland duergaang.