3000 € Strof: Educatrice huet Kanner terroriséiert

Déi fréier Direktesch vun der Maison de Relais zu Käerch krut eng Strof vun 3000 € well se kléng Kanner terroriséiert hat.

Leschten Update: 27.06.2014, 13:59:38

© koerich.lu

Wéi de Quotidien op senger Internet Säit schreift, hätt d'Chambre Criminelle an der Stad d'Educatrice veruerteelt fir Faiten, déi op d'Joer 2011 zeréckginn.

Si krut ënner anerem virgehait, Kanner mat enger Spann aus Plastik Angscht gemaach ze hunn; se gezwongen ze hunn esou vill Waasser ze drénke bis se sech iwwerginn haten, a Kanner gezwongen ze hunn, sech ze këssen.