Islamesche Voile an de Schoulen: Kritik vu 4 Organisatiounen

D'Erlaabnis vum islamesche Voile an de Schoulen zu Lëtzebuerg ass riskant, soe 4 Organisatiounen, dorënner Liberté de conscience.

Leschten Update: 27.06.2014, 15:07:35

© wikipedia

Liberté de conscience, d’Federatioun vun de Schoulmeeschteren, d’Libre Pensée an d’Lige de l’Enseignement bedaueren, dass d’Regierung an den Educatiounsministère d'Erlaabnis vum islamesche Voile an de Schoulen decidéiert an ugekënnegt hunn, ouni am Viraus mat de Partner ze diskutéieren.

Et wier eng riskant Decisioun an de neutrale Charakter vun der Schoul misst bäibehale ginn, esou déi puer Organisatioune an engem gemeinsame Kommuniqué.

Links