Veianen: Hond an Auto gelooss, Police gräift an

Zu Veianen huet d'Police e Freideg de Mëtten een Hond aus engem Auto gerett. Hie war dran agespaart an huet staark gehechelt.

Leschten Update: 28.06.2014, 15:28:38

© AFP

Den Hond war an engem Auto agespaart wou d'Fenster ee Stéck op war. Et huet awer sou ausgesinn wéi wann et dem Hond guer net gutt géing goen. D'Police konnt den Chauffer vum Auto net fannen an huet dunn d'Dier vum Auto opgemaach. De Chauffer krut eng Verwarnung a gouf iwwert d'Risken opgekläert. Dem Déier geet et gutt. 

Reischt virun enger Woch war een Hond an der Stad an engem Auto agespaart ginn, dat bei héijen Temperaturen. Fir dësen Hond koum allerdéngs all Hëllef ze spéit...