WM: Kolumbien & Brasilien an der Véirelsfinallen

Kolumbien huet 2-0 géint Uruguay gewonn. Brasilien huet Chile no Eelefmeter mat 4-3 geklappt.

Leschten Update: 29.06.2014, 08:24:37

© AFP

Déi éischt Véierelsfinall vun der Fussballweltmeeschterschaft steet fest.

De 4. Juli spillt Brasilien géint Kolumbien. D’Kolumbianer hunn um Samschdeg an den Aachtelsfinallen 2-0 géint Uruguay gewonn.

Brasilien hat et gëschter méi schwéier. Réischt no Eelefmeterschéissen hunn d’Brasilianer 4-3 géint Chile gewonn. Nom Match stoung et 1-1 gläich, an der Nospillzäit war kee Gol gefall.

© afp

Um Sonndeg spillen:

18:00 Holland - Mexico
22:00 Costa Rica - Griechenland