
© afp
Den designéierten EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker wëll anscheinend d’Digitaliséierung vun Europa an den Zentrum vu senger Presidentschaft stellen.
Engem Bericht vum Spiegel no, wëll de fréiere Lëtzebuerger Premier en Internet- oder Digitalkommissär aféieren.
Och een neit europawäit Frequenzband, iwwert dat grouss Datepäck kënne geschéckt ginn, soll hëllefen, Europa an der digitaler Welt virun ze bréngen.