Iwwerfall um Rock a Field. 2000 Euro geklaut!

Täter gräift an d'Keess a léisst 2000 Euro matgoen. De Schluss vum Owend huet den Onéierleche missen bei der Police verbréngen.

Leschten Update: 29.06.2014, 12:30:39

© eldoradio

Wou vill Leit ënnerwee sinn, do sinn och Klengkrimineller meeschtens ni wäit wech..

Um Rock A Field huet gëschter Owend géint hallwer 10 e Mann enger Caissière mat Gewalt e Pak Gedrénks- an Iessensbongen aus der Hand gerappt. Der Police no haten dës e Wäert vun am ganzen 2.000 Euro.

De Sécherheetsdéngscht vum Site konnt den Täter awer séier lokaliséieren an hie sou laang festhale, bis d’Police op der Plaz war. De Mann koum mat op de Policebüro.