
© afp
Um Samschdegowend hat sech Brasilien jo eréischt no engem dramateschen Eelefmeterschéissen géint Chile kënnen duerchsetzen. D'Dramatik war fir e puer Fans am Stadion esou grouss, dass direkt 4 Leit en Häerzinfarkt gemeet hunn. Fir ee Mann vu 69 Joer sollt leider all Hëllef ze spéit kommen.
Iwwerdeems huet de Match och e neien Twitter-Rekord opgestallt. 16,3 Milliounen 'Tweets' goufen registréiert, esou vill wéi nach ni virdrun bei engem Live-Event. De Rekord vun bis ewell hat de Super Bowl dëst Joer.