Brandstëftung: Auto an der Escher Strooss ugefaang

An der Escher Strooss an der Stad ass um Sonndegmueren en Auto ugefaang ginn - d' Police freet no Zeien!

Leschten Update: 29.06.2014, 18:23:00

© Eldoradio / Archiv

An der Escher Strooss an der Stad ass um Sonndegmueren géint 07h40 en Auto ugefaang ginn.

En Zeien hat gesinn wéi e geparkten Won, wou d' Chauffer-Fënster schonn ageschloen ginn ass, mat brennen ugefaang huet. E Mann huet sëch zaïtgläich ewech-gemeet.

D'Spuresécherung war op der Plaz.

D'Police sicht elo no deem wäisse Mann, deen circa 1m60 grouss war, dënn,  eng bloo Jeansbox an eng blo Jeans-Jackett unhat, an donkel Hoer hat.