
© Eldoradio / Archiv
D'Police freet no Zeien nodeems um Dënschdegmëtten géint 15h30 zu Esch-Uelzëcht en Auto an e Bus net laanschteneen-komm waren.
An der Avenue Charles de Gaulle wollt de Bus, deen aus Richtung Raemericher Rond-Point koum an den Depot vum Tice eranfeuren, wéi e brongen Audi Q3 awer mam Bus kollidéiert ass.
Ween de Virfall gesin hat soll sech w.e.g bei der Police vun Esch mellen, ënnert der Nummer 4997-5500.
