N. Sarkozy: "Il y a eu une volonté de m'humilier"

Den Ex-President aus Frankräich gesäit sech als Affer vun enger Hetz-Campagne. Hien hätt sëch näischt ze reprochéieren...

Leschten Update: 03.07.2014, 05:07:30

© Screenshot TF1

''Ech hunn a kengem Ament géint d‘Prinzipien vum Rechts-Staat verstouss'' , dat sot de franséischen Ex-President Nicolas Sarkozy um Mëttwochowend op der franséischer Telé.

Hien hätt sech näischt ze reprochéieren an enger Korruptiouns-Affar déi politesch instrumentaliséiert wier, sou de Sarko, deen jo e Méindeg verhaft gi war, well géint hien enquetéiert gëtt. Hien soll zesummen mat sengem Affekot probéiert hunn Informatiounen aus enger  lafender Geriichtsprozedur ze kréien.

Sollt hien e Fehler gemeet hunn, deen him och bewisen kann ginn, wéilt hien gären d' Konsequenzen droen. Hien wier sech op alle Fall kenger Schold bewosst, an hien hätt den Androck dass hien als Persoun wéilt schlecht gemeet ginn.