
© Police Grand-Ducale
E Moto an en Trakter waren frontal aneneen-gaang, wéi déi landwirtschaftlech Maschinn wollt ofbéien.
De Motocyclist gouf liewensgeféierlech blesséiert.
Op der Plaz war de Samu aus der Stad wéi och de Rettungshelikopter, an d'Pompjeeën vu Stengefort, wéi och de Miëss- an Erkennungsdéngscht vun der Police.
D'Police vu Capellen biet Zeien déi op der Plaz éischt Hëllef geleescht hunn, sech fir eng Aussoo bei hinnen ze mellen, ënnert der Nummer 4997-3500.