
© Police Grand-Ducale
Géint 18h00 gouf de Pompjeeën d'Feier gemellt dat sech séier och op aner Raim vun der Hal ausgebreet huet.
8 Pompjees-Corps'en, aus Lëtzebuerg an aus der Belsch, vun Ëlwen, Wäisswampech, Wëntger, Klierf, St Vith, Burg-Reuland, Elven an Vielsam waren iwwer zwou Stonnen mat de Läschaarbechten amgaang.
Zwee Pompjeeën goufen dobäi liicht blesséiert.
De Parquet vun Dikrech huet d'Spurensécherung vun der Police judiciaire dermat beoptragt eraus-ze-fannen wat déi genee Brandursaach ass. Kuerz virum Brand goufen an der Schräinerei Lackéierungs-Aarbechten duerchgefouert.

