Spuenien: Jonke Mann stierft no Accident op der Achterbunn

Zu Benidorm koum et um Méindeg zu engem déidlechen Tëschefall. E Jugendlechen ass gestuerwen, well hie vun enger Achterbunn gefall ass..

Leschten Update: 08.07.2014, 15:56:10

© www.commons.wikimedia.org

Dramateschen Tëschefall an engem Fräizäitpark a Spuenien. E Jugendlechen aus Island ass ëm d’Liewe komm, nodeems hie vun engem Spill gefall ass. Den 18 Järegen ass um Méindeg am “Terra Mitica” zu Benidorm aus sengem Sëtz vun der Achterbunn “Inferno” geflunn, sou d’Police. Hien ass op de Buedem geschleidert ginn an ass kuerz drop am Spidol gestuerwen.

Wéi d’Police weider erkläert, wier de Schutzbigel vum Sëtz lassgaangen. Et wier awer onkloer ob et sech dobäi ëm en technesche Problem gehandelt huet. D’Achterbunn gouf viraussiichtlech zougemaach.

Et ass den éischten Accident mat där Achterbunn zënter 14 Joer.