TdF: Lars Boom gewënnt 5. Etapp - Chris Froome gëtt op!

Am Tour de France war haut déi schwéier 5. Etapp vun Ypern op Arenberg. Et goung ënnert anerem iwwert vill Pavé. De Lars Boom huet d'Etapp gewonnn.

Leschten Update: 09.07.2014, 17:26:07

© afp

De Lars Boom huet déi schwéier 5. Etapp vum Tour de France gewonnen. Am Reen goung et iwwert vill naasse Pavé vun Ypern op Arenberg. Um Enn war den Hollänner de séiersten.

Out fir de Chris Froome. De Brit war zwee mol gefall. 66,8 Kilometer virum Zil huet hien dunn opginn an ass mam Auto weider gefuer. Déi zweete Kéier war hie kuerz virun der Streck mam Pavé gefall. De Froome war och um Dënschdeg well gefall an hat sech do um Been an un der Hand wéi gedoen.

De Gewënner vum leschte Joer war och dëst Joer ee vun den Top-Favoritte.