Beetebuerg: Bréck ass an de Koup gefall - 8 Blesséierter

Zu Beetebuerg an der rue Lentz ass eng Bréck déi am Bau ass zesummegefall.. 8 Aarbechter goufen liicht blesséiert - vill Fotoe vum CIBETT!

Leschten Update: 11.07.2014, 04:42:44

© Eldoradio Iphone Mobile Reporter

E gréisseren Tëschefall gouf ët kuerz no 12 Auer um Donneschdegmëtten zu Beetebuerg an der rue Michel Lentz.

Eng Eisebunnsbréck déi do am Bau ass, wier an de Koup gefall. Et handelt sech ëm e Provisorium, deen opgeriicht gouf, fir déi eigentlech Bréck niewendrun ze bauen.

De Bilan beleeft sech op 8 Liicht-Blesséierter.

D'Rettungsdéngschter waren mat 4 Ambulanzen vu Beetebuerg an Diddeleng, zwou Unitéiten vun Spezial-Equippen fir blockéiert Persounen an dem Escher Samu op der Plaz.

Direkt e puer Leit vu Beetebuerg haten kuerz no 12h00 an eis Redaktioun ugeruff, fir eis den Tëschefall ze mellen. De Rettungshelikopter wier och sur place gewiescht.

D’CFL schreiwen op hirem Internetsite dass den Zuch-Traffik tëscht der Stad a Beetebuerg den Ament ënnerbrach ass. Et gi Busser agesat op de Linnen Stad - Diddenuewen an Stad - Esch.

Vill Fotoe fannt der hei um Internetsite vum CIBETT!

Lauschtert hei och d'Reportage aus dem Feierowend:

 

© Police
© Police
© Police (Facebook)

Links