CSV: De Luc Frieden geet bei d'Deutsche Bank.

De fréiere Finanzminister demissionéiert als Deputéierten an der Chamber. D'CSV-Fraktioun huet matgedeelt, dass hie bei d'Deutsche Bank geet.

Leschten Update: 10.07.2014, 19:30:07

De Luc Frieden trëtt zréck. Dat huet d’CSV-Fraktioun matgedeelt. Den Deputéierten a fréiere Finanzminister wäert säin Amt no dëser Chambersessioun néierleeë, fir enger neier berufflecher Erausfuerderung am Ausland nozegoen a weider Erfahrung ze sammelen, heescht et.

Vum September un ass hien deemno Vice Chairman vun der Deutschen Bank.

Éischt Kandidatin am Wahlbezierk Zentrum fir an d’Parlament nozerécklen, ass d’Tessy Scholtes. Ob hat d’Mandat unhëlt, weess et awer nach net. Dem Wort sot hat, dass et fir d’éischt mat der Famill misst doriwwer diskutéieren.