
Den Andy a senge beschten Zäiten
“Ech wëll net esou ophalen, ech kommen zréck” Dat sot den Andy Schleck an engem éischten Interview no senger Operatioun um Knéi.
Dem Internetsite Cyclingnews sot de Lëtzebuerger Profi, dass hien een Ament gefaart hätt seng Carrière wier eriwwer. Ma hie wéilt et nach emol probéiere, wann hien nees fit ass.
Den Andy Schleck war jo e Méindeg op der drëtter Etapp vum Tour de France gefall. Dënschdes ass hien dunn net méi matgefuer, well d’Bänner vum rietse Knéi duerch, de Meniskus gerass a Schanke gebrach waren. Et Mëttwoch ass hien operéiert ginn.