
© afp
D'Gemeng Sandweiler deelt mat, dass et den Ament Problemer mam Drénkwaasser gëtt.
D'Awunner aus der ganzer Gemeng si gebieden, d'Krunnewaasser virum Drénken op mannst 10 Minutten ozekachen. Et sollt och net benotzt gi, fir Uebst, Geméis oder ähnleches ze wäschen.
Déi technesch Servicer vun der Gemeng schaffen dru, fir de Problem sou séier wéi méiglech ze behiewen. D'Awunner ginn informéiert, soubal alles nees an der Rei ass.