
© Police Grand-Ducale
D’Stater Pompjeeën goufen um 16h dëse Samschdeg Nomëtteg op ee Brand an der rue Polvermillen geruff.
An engem Eefamilljenhaus war de Späicher a Flamen geroden.
D’Pompjeeën haten d’Feier séier ënner Kontroll.
Den Asaz war awer net ganz ongeféierlech well eng Tankstell ganz an der Géigend war. Aus Sécherheetsgrënn gouf d’Tankstell zou gemaach.
D’Brandursaach ass nach net gekläert. Blesséiert gouf keen.
