WM: Däitschland ass Weltmeeschter!

No 24 Joer ass Däitschland nees Weltmeeschter. Déi däitsch Nationalequipe huet e Sonndeg an der Final 1:0 géint Argentinien gewonn.

Leschten Update: 14.07.2014, 19:53:13

© AFP

Däitschland an Argentinien stounge sech am leschte Match vun der Fussballweltmeeschterschaft géintiwwer.

Während dem ganze Match gouf et vill Chance fir béid Equippen. Dacks war et spannend ginn an heiansdo war de Ball och bal dobannen. Argentinien hat souguer e Gol geschoss, ma wéint engem Abseits huet deen net gegollt.

No der Nospillzäit vum Match war nach ëmmer kee Gol gefall an et goung an d'Verlängerung.

An der 113. Minutt huet de Mario Götze no enger Flank den 1:0 geschoss. Et ass awer bis zum Schluss spannend bliwwen. Béid Equipen hate bis zum Schluss ëmmer nees Chancen. Um Enn stoung et dunn awer 1:0 fir Däitschland.

Dat ass elo also de 4. Stär fir déi däitsch Fussballnationalequipe.

De Lionel Messi gouf trotz der Néierlag vun Argentinien zum beschte Spiller vun der WM gewielt. Beschte Golkipp gouf de Manuel Neuer.

Lauschtert hei och d'Reportage aus der Morningshow XL:

© afp


Déi däitsch Nationalequipe wäert en Dënschdeg géint 09h00 zu Berlin Fluchhafen Tegel landen an dann Direktioun Brandenburger Tor fueren wou si mat honnertdausenden Fans wäerte féieren. 

© afp