
© afp
De brasilianeschen Nationaltrainer huet demissionéiert. De Fernsehsender Globo huet gemellt, dass de 65 Joer al Luiz Felipe Scolari nom 1-7 Debakel géint Däitschland an der 0-3 Defaite géint Holland net méi Trainer wéilt sinn.
Hien hätt seng Demissioun gëschter agereecht.
Säi Kontrakt wier no der WM awer souwisou ofgelaf.