CFL: D'Zich tëscht der Stad a Beetebuerg rullen nees!

Nodeems d'lescht Woch eng Bréck op d'Schinnen zu Beetebuerg gefall war, kann den Zuchverkéier vum Dënschden un nees normal funktionéieren.

Leschten Update: 15.07.2014, 05:36:53

© Eldoradio Mobile Reporter

Vum Dënschdeg un funktionéiert den Zuchverkéier tëscht der Stad a Beetebuerg nees normal. Dat huat d'CFL um Méindeg matgedeelt.

D’Streck gëtt also nees fir den Zuchtrafic opgemaach.

Et gëtt awer nach eng Ausnam. Aus organisatoresche Grënn fiert den Zuch op Stroossbuerg net an der Stad, mä réischt vu Metz fort. Et fuere Busser dohinner.

D’lescht Woch war zu Beetebuerg jo eng provisoresch Bréck op d’Schinne gefall. D’Opraumaarbechten a Kontrolle goufe réischt um Méindeg ofgeschloss.

Liest hei nach emol wat geschitt war.

Links