Lëtzebuerg: Ëmmer méi Krankeschäiner wéinst Depressiounen

Den Taux vun Salariéen déi sech krank schreiwen, bleift stabel. Dat deelt den "Observatoire de l'absentéisme mat. Ëmmer méi Leit hunn Depressiounen.

Leschten Update: 22.07.2014, 08:09:29

© afp

Den Absenteismus, also d’Zuel vun de Leit, déi krank geschriwwe sinn, bleift stabel. Dat deelt den Observatoire de l’absentéisme mat. 3,7% vun de Beschäftegte waren zejoert deemno am Schnëtt 22 Deeg krank gemellt. Haaptgrond fir dass Leit krank geschriwwe ginn, si Stress an Infektiounen. Et gouf och festgestallt, dass Frae bësse méi dacks krank si wéi Männer, Frontalieren bësse méi wéi Leit, déi am Land wunnen an Aarbechter bësse méi wéi Employéeën.

Iwwert di gefuddelt Krankheet ginn et hei am Land keng genee Zuelen. A Frankräich an der Belge gëtt déi op 10 bis 13 Prozent geschat. Zu Lëtzebuerg leie mer wuel och an deier Kategorie, sot den Aarbechtsminister Nicolas Schmit. Doduerch entsteet e Schued vun ongeféier 50 Milliounen Euro.

Lauschtert hei d'Reportage aus der Eldoradio Morningshow XL: