Donneeën geklaut: Den Internetsite vun der EZB gouf gehackt

Den Internetsite vun der europäescher Zentralbank ass gehackt ginn. Dat deelt d’EZB via Communiqué mat.

Leschten Update: 24.07.2014, 15:16:17

© AFP

D'Affär ass duerch een anonyme Mail erauskomm, mat deem probéiert gouf, déi geklauten Donnéeën zu Suen ze maachen.

Wéi et heescht goufen ënnert anerem d‘Email Adressen An Donneeën vu Persounen aus enger Datebase fir den ëffentlechen Internetsite vun der EZB, geklaut.

D'EZB kontaktéiert elo d'Leit deenen hir Donnéeë kéinten a falsch Hänn gerode sinn. Donieft goufen all d’Passwieder geännert.