
© Stater Beruffspompjeeën
D’Stater Beruffspompjeeë mellen e grousst Feier en Donneschdeg den Owend an der Rue Beck. Géint 6 Auer hate Passanten an Noperen décken Damp aus enger Wunneng am leschte Stack gemellt.
D’Pompjeeën, déi mat 16 Mann, 2 Dréileederen, engem Läschwon an engem Rettungswon op der Plaz waren, hunn d’Dir vun der Wunneng misse mat Gewalt opmaachen. Um Balkon hu si eng Persoun fonnt, déi offensichtlech eng Dampvergëftung hat. Si hat och Verbrennunge vum 2. Grad. Si krut Sauerstoff a gouf vum SAMU versuergt.
De Brand, dee sech iwwert déi ganz Wunneng ausgebreet hat, war zwar séier ënner Kontroll, d’Läschaarbechten hunn awer bis gëschter Owend gedauert.