Vol MH 17: Weider Wrackdeeler a Läiche fonnt ginn

Holland schleist een arméierten Militär-Asaz zur Sécherung vun der Onglécksplaz vum Vol MH 17 am Osten vun der Ukrain net aus.

Leschten Update: 25.07.2014, 14:39:06

© AFP

Néideg wier awer den Accord vun der Regierung zu Kiew wéi och den Accord vun den pro-russeschen Separatisten an der emkämpfter Geigend. Sot den hollänneschen Ministerpresident Mark Rutte haut zu Den Haag.

8 Deeg nodeems am Osten vun der Ukrain eng Passagéier-Maschinn ofgeschoss gouf, sinn nach ëmmer net all 298 Läiche gebuerge ginn.

Wéi et heescht hätten Enquêteuren op der Onglécksplaz ee neien groussen Wrackdeel souwéi weider Läiche fonnt.