
© AFP
Am Gaza-Konflikt huet déi radikalislamesch Palästinenserorganisatioun Hamas enger Wafferou vun 12 Stonnen zou gestëmmt.
D’Wafferou soll vun e Samschdeg de Mueren 08h00 un gëllen, sou ee Spriecher vun der Hamas géintiwwer der Noriichtenagence AFP.
E Freideg den Owend hat jo och Israel enger Wafferou zou gestëmmt.

Just e puer Stonnen iert d’Wafferou a Kraaft getrueden ass, goufen bei engem Loft-Ugrëff vun der israelescher Arméi 20 Mënschen ëmbruecht, dorënner 11 Kanner.
Zu Paräis wëllen d'Ausseminister op enger internationaler Konferenz klären wéi et am Gaza-Konflikt elo weider soll goen.