TdF: Kittel gewënnt lescht Etapp, Nibali de ganzen Tour

De Vincenco Nibali huet den Tour de France gewonn, de Marcel Kittel déi lescht Etapp.

Leschten Update: 28.07.2014, 06:23:15

© afp

De Vincenco Nibali huet den 101. Tour de France gewonnen. Fir den Italiener ass et no der Vuelta an dem Giro elo déi 3. Grouss Etappecourse, déi hie fir sech entscheede konnt. De Frank Schleck gouf um Enn den 12., de Ben Gastauer den 21.

Déi lescht Etapp, déi um Sonndeg iwwer 137,5 Kilometer vun Évry op Paräis goung, hat de Marcel Kittel gewonnen. 43 Kilometer virum Zil war de Ben Gastauer an eng gréisser Chute verwéckelt. Hie war zwar nees séier um Vëlo, gouf um Enn awer just de 84. De Frank Schleck gouf gëschter den 53.