USA: Nei a méi schaarf Sanktioune géint Russland

No der EU hunn och d'USA hir Sanktioune géint Russland verschäerft.

Leschten Update: 30.07.2014, 13:28:17

© afp

Am Kontext vum Konflikt an der Ukraine hunn no der EU och d’USA Sanktioune géint Russland verschäerft. Den US-President Barack Obama huet gëschter erklärt, dass zousätzlech Strofmoossnamen de russesche Finanz-, Energie- a Rüstungssecteur betreffen. Den Obama huet der Regierung zu Moskau virgehäit, déi pro-russesch Separatisten am Oste vun der Ukraine weider ze ënnerstëtzen.

Nom Tëschefall mam Fliger vun der Malaysian Airlines géife Russland a seng Stellvertrieder an der Ukraine sech nach ëmmer weigere, mat den internationalen Ermëttler zesummenzeschaffen.