
Explosioun zu Gaza-City um Mëttwochmueren, no enger israelescher Loftattack© afp
Um Mëttwochmueren sinn bei weideren Panzer-Attacken vun der israelescher Arméi 6 palästinensesch Zivilisten ëmkomm, dorënner 3 jonk Kanner.
Bei der Detonatioun vun zwou Granaten an engem Flüchtlings-Lager sinn 16 Leit ëmkomm.
Och hënt waren bal 3 Dosen Affer ze bekloen, ënnert anerem wéi eng Schoul beschoss gouf.
D'Afferzuel op palästinensescher Säit beleeft sech den offiziellen Chiffren no schonn op iwwer 1280 an de läschten 3 Wochen, dovunner eng Majoritéit un Zivilisten.
International gëtt weider eng Wafferouh gefuerdert.
An der Gaza-Sträifen ginn iwwerdeems d'Medikamenter knapps, an vun baussen léisst Israel bis ewell keng Versuergung eran.