EU: Weider Sanktiounen géint Russland

Dëst Kéier sinn d'Propriétairen vun enger grousser russescher Bank betraff...

Leschten Update: 31.07.2014, 06:18:50

© afp

D'EU huet wéinst dem Ukrain-Konflikt weider Sanktiounen géint Russland decidéiert.

Zwou Persounen déi d'Majoritéit vun de Part’en vun der Rossija-Bank hunn däerfen net méi an d'EU areesen a kruten hir Compten an der Unioun och gespaart.

Déi zwee schwéier-räich Oligarchen gëllen als gutt Frënn vum President Vladimir Putin. 

De G7 huet iwwerdeems och weider Sanktiounen géint Moskau an Aussiicht gestallt, sollten d'Fuerderungen vum Westen weider einfach ignoréiert ginn.

Eng Reaktioun aus dem Kreml gëtt et bis ewell nach net.