Tourismus: méi Iwwernuechtungen, besonnesch am Mëllerdall

D'Hotellerie am Land huet an den éischte 6 Méint vum Joer gutt evoluéiert. Eng besonnesch gutt Progressioun gouf et an der Regioun Mëllerdall.

Leschten Update: 06.08.2014, 14:49:52

An den éischte 6 Méint vum Joer goufen an der Hotellerie hei am Land 3,1% méi Iwwernuechtungen gezielt wéi an deem selwechten Zäitraum d’lescht Joer. Déi bescht Evolutioun gëtt et an der Regioun vum Mëllerdall, wou et en Plus vu 7,1% ass.
D’Business-Reesen maachen vun all den Iwwernuechtungen hei am Land 65% aus. Am Duerchschnëtt haten d’Hotellen hei am Land tëscht Januar an Juni en Taux d’Occupatioun vun 67,5%.
E ganz gutt Resultat gouf et och bei de Campingen, duerch déi gutt Wiederkonditiounen gouf et do e Plus vun 16,3% am Verglach mam 1te Semester 2013. 9,7% manner Iwwernuechtungen gouf et an de Jugendherbergen, dat awer virun allem wëll déi zu Buerglënster zougemaach huet.