Malaysia Airlines: Fluchlinn zitt sech vu Bourse zeréck

Wéinst de grousse finanzielle Problemer vun der Fluchlinn zitt een sech ganz vun der Bourse zeréck...

Leschten Update: 08.08.2014, 11:20:26

© afp

No den zwou Fliger-Katastrofen mat honnerten Doudegen huet d‘ Fluchgesellschaft Malaysia Airlines elo wëssen gedoen dass een d'Bourse wäert verloossen.

De Majoritéits-Aktionnär, deen 70% vun de Parten huet wëll déi verbleiwend 30% opkafen an en groussen Restrukturatiouns-Plang duerch-setzen, fir esou d'Fluchlinn virun der Faillite ze schützen.

No de Katastrofen vun de Volen MH370 an MH17 wëllen sou gutt wéi guer keng Leit méi mat Malaysia fléien.. Derbäi kommen weider Finanzproblemer,déi schonn zeréck ginn bis an d'Joer 2011.