
© afp
D'Wäisst Haus zu Washington an d'FDA, also d'Agence déi fir Medikamenter responsabel ass, déi an den USA produzéiert ginn, hu gréng Luucht ginn, dass de Serum ''ZMapp'' kéitn ausgeliwwert ginn fir infizéiert Medeziner ze behandelen.
D'Presidentin vum Liberia Ellen Johnson Sirleaf hat extra beim Barak Obama gefrot fir d'Medikament ze kréien. Et wier déi eenzeg Hoffnung déi een an villen Fäll nach hätt.
'ZMapp' gouf bis ewell just un Déieren getest, gouf awer zanter e puer Deeg och schonn agesaat fir 3 Infizéierter an den USA ze behandelen.
