Däitschland: Gang-Bang-Partyë solle verbuede ginn

Déi däitsch Koalitioun wëll mat engem neien Prostitutiounsgesetz Flatrate-Sex a Gang-Bang-Partyë verbidden.

Leschten Update: 17.08.2014, 15:41:42

Dorop huet sech d'Familljeministesch Manuela Schwesig (SPD) dësen Donneschdeg mat Politiker vun der Koalitioun gëeenegt.

"Geschäftsmodeller wéi Flatrate-Sex a Gang-Bang-Partyë ginn verbueden", sot d'Manuela  Schwesig. "Ech sinn optimistesch, dass mir eis op déi nach net gekläerte Punkten wéi Mindestalter a Kondomflicht eenege wäerten".

D'Union wëllt d'Mindestalter fir Prostituéierter vun 18 op 21 Jor erop setzen.

Fir d'Prostituéiert géing et an Zukunft och eng Obligatioun sech unzemellen. D'Bedreiwer vu Bordellen missen eng Autorisatioun ufroen.