Medien wéi d’BBC mellen dass d’Schëff wahrscheinlech an e Stuerm geroden ass. 18 Mënschen sollen den Accident iwwerlieft hunn. U Bord selwer waren haaptsächlech Touristen aus Groussbritannien, Holland, Spuenien an och Däitschland. Vill Leit goufen vun Fëscher gerett. Minimum 4 Leit ginn nach ëmmer vermësst.