
© wikipedia
'Cannabis soll zu Letzebuerg legal ginn', eng Fuerderung, déi an de läschte Wochen och alt nees aus der Politik koum, nämlech vun de Jugendparteien vun Déi Gréng an der DP, also de jonke Gréngen an der JDL.
Interessant Aussoen, well hir Mammeparteien jo ëmmerhin an der Regierung sinn.
Ma wat halen dann elo eben grad déi vun där Propositioun?! Mir hu mol nogefrot, an si gewuer ginn dass d'Meenungen gedeelt sinn.
Lauschtert hei :
Déi Gréng sinn also kloer fir eng kontrolléiert Legaliséierung, bei der DP ass een nach net decidéiert. Et ass den Ament awer nach keen Thema, och wann een duerchaus gespréichs-bereet wier.
Am Koalitiouns-Accord steet op alle Fall näischt iwwert eng Legaliséierung vum Gras dran.
Cannabis ass a bleift am Grand-Duché also weider illegal.
Et gëllen deemno weider d’Strofen déi per Gesetz festgehalen sinn.
An eben déi Gesetzestexter hu mer mol duerchgelies, dat net vu Muttwëll...
Lauschtert hei :