
Eldoradio feiert deemno e neie Rekord a Punkto Ecoute während der Woch. 103.000 Leit lauschteren all Dag tëscht Méindes a Freides d'Frequenzen 105,0 , 107,2 an 95,0.
Dat sinn der sou vill wéi nach ni.
Dofir seet d' ganz Equipe vum Eldo Ierch Villmols Merci.
2528 Persounen goufen vun der TNS-Ilres befrot wéieen Radio se lauschteren, wéi eng Zeitung Se liesen, wéieng Internet-Sitten Se consultéieren, an wéi eng Telé-Chainen gekuckt ginn.
RTL Telé Letzebuerg bleift dann och deen Televisioun-Sender deen am meeschten gekuckt gëtt, virum TF1 an ZDF.