A4: Accident, Chauffeur war ageschlof

Op der Escher Autobunn ass en Automobilist an di kalifornesch Mauer gerannt. D'Autobunn huet missen méi wéi eng Stonn gespaart ginn.

Leschten Update: 23.08.2014, 13:02:12

Op der Escher Autobunn ass en Mann um Freideg Owend kuerz no 22h hannert dem Steier ageschlof ageschlof. Hien ass dunn an di kalifornesch Mauer gerannt.

Wéinst de ville Autosstécker op der Strooss hat d’Autobunn misse bis 23h20 komplett gespaart ginn. De Chauffeur gouf liicht blesséiert.