"Discover Luxembourg": Umeldung vun en Dënschdeg un

De 6. September gëtt fir déi 7ten Kéier de Stater Rallye "Discover Luxembourg", organiséiert. Et kann ee sech vun en Dënschdeg un online umellen.

Leschten Update: 30.08.2014, 08:59:12

De Rallye gëtt vum LCTO an Zesummenaarbecht mat G-Media organiséiert, dat am Kader vu Summer in the City. 

Teams aus 4 Leit duerchlafen hei ee Parcours ronderëm d’Stad. Lass geet et um Knuedler. Während dem Parcours musse si da verschidden Zorten vun Challengen bewältegen, z. B. gastronomescher oder och sportlecher. Déi Equipe mat de meeschte Punkte gewënnt. Pro Equipe bezilt ee 60 Euro.

Matmaachen ka jiddereen. Umelle kann ee sech op www.discover-lux.lu. Et kann ee sech och nach den Dag selwer um Knuedler umellen, ob alleng oder am Team. D'Routen ginn réischt den Dag selwer public gemaach. Elo gouf awer schon's veroden dat een Deel vun den Trajet'en duerch d'Alstad wäert féieren. 


Lauschtert hei den Audio-Reportage: