INL: Lëtzebuergesch Coursen ginn ëmmer méi beléift

Am Institut National des Langues waren 2014 am ganzen 3.245 Persounen a Lëtzebuerg-Coursen ageschriwwen.

Leschten Update: 10.04.2015, 14:27:52

© Eldoradio

Den Interessi u Lëtzebuergesche Sproochecoursen gëtt ëmmer méi grouss.

Wéi d’Wort schreift waren alleng zejoert am ganzen 3.245 Persounen am „Instititut national des langues“ a Lëtzebuergesch-Coursen ageschriwwen. Zanter 2012 huet sech dës Zuel domat bal verdräifacht. Weiderhi wier et och méiglech op Nofro hi privat Coursen ze kréien.

Ënnert de Participanten fannen sech souwuel Leit aus dem Grand-Duché wéi och Frontalieren.