
© Wikipedia
Am Beräich vun der Businessaviatioun ass Luxaviation elo d’Nummer 2 op der Welt.
De Lëtzebuerger Betrib huet nämlech déi Schwäizer Firma Execujet fir puer honnert Milliounen Euro opkaf. E genaue Chiffer gouf net verëffentlecht. Domat huet Luxaviation elo eng Flott vun 250 Fligeren, déi an 3 Kontinenter ënnerwee sinn.
Zil vum Betrib ass et, bis 2019 d’Flott nach ze verduebelen.