
H-Blockx© Markus Hauschild
Op dësem 20jährege Jubiläum fänkt de Festival schonn Donneschdes de 6. August un, mat ënner anerem live Concerten vun Luceed, Moof an Emil Bulls.
Freides de 7. August gëtt et ënner anerem däitschen HipHop vun Curse an 257ers, ier mat der däitscher Crossover-Band H-Blockx den Headliner op d'Bühn kënnt.
Samschdes 8. August steet wéi all Joer di elektronesch Musek am Mëttelpunkt mat ënner anerem den DJ'en Tom Novy, Julian Jordan an Umek.
Sonndes ass Party Time.
De Camping kascht 30 Euro. E geet Donneschdes um 14h op mécht Méindes um 12h nees zou.
Aus 6 verschiddenen Richtungen fueren dee Weekend Shuttlebusser op de Festival. Och ronderëm de Site kann ee fir 10 Euro mam Auto parken.
De komplette Line Up an weider Informatiounen iwwert de Festival fannt der um Internetsite vum e-lake: LINK: www.e-lake.lu
Lauschtert hei den Interview mam Organisateur Frank Rippinger: