Frankräich: Neonazi-Grupp muss an de Prisong

Déi 5 Membere goufen ënner anerem wéinst Usteftung zu Gewalt a Friemenhaass veruerteelt. Dräi vun hinne musse bis zu 24 Méint an de Prisong.

Leschten Update: 23.05.2015, 19:41:30

© ROD LAMKEY / AFP

A Frankräich si 5 Membere vun enger Neonazi-Grupp zu Prisongsstrofe veruerteelt ginn.

Hine gëtt virgeworf eng Grupp mam Numm „Blood&Honor C18“ organiséiert ze hunn. Weiderhi gëtt hinen och Usteftung zum Friemenhaass a Gewalt virgeworf. Bei enger vum franséische Parquet ordonnéierter Hausduerchsuchung goufen ënner anerem Masken, Baseballschléier souwéi een Exemplar vu „Mein Kampf“ fonnt.

Dräi vun hinne musse lo bis zu 24 Méint an de Prisong. Een Ugekloten huet sech mëttlerweil aus der Bascht gemeet.