Polen: Duda gëtt neie President

Nach ier dat offiziellt Resultat bekannt ass, steet fest, dass Polen mam Andrzej Duda neie President kritt...

Leschten Update: 25.05.2015, 08:24:20

Den Duda mat Duechter ( lénks) an Fra (riets)© afp

Polen kritt e neie President.

De konservativen Oppositiounskandidat Andrzej Duda huet de Ballotage géint den Bronislaw Komorowski gewonnen, dat confirméieren d'Héichrechnungen.

D‘End-Resultat dat bis ewell zwar nach net ganz virläit dierft herno ëm déi 53 zu 47 % leien.

De Komorowski huet sengem Konkurrent och schonn gratuléiert an seng Néierlag zouginn.